imge description

Dir hutt Froen iwwer…

Froen

  • WÉINI ASS D’CRÈCHE OP ?

    D'aisia International Crèche ass méindes bis samschdes vu 5 Auer mueres bis 11 Auer owes op, fir sech Ären Aarbechtszäiten esou gutt et geet unzepassen. Eis Tariffer fänke bei 6 € un; mir hunn den Agrément Chèque Service vum Ministère.

  • WOU ASS D’CRÈCHE ?

    D'aisia International Crèche läit an engem rouege Wunnvéierel zu Bartreng, op Nummer 57 an der „Cité Millewee“, net wäit vum Akafszentrum Belle Etoile ewech.

    Dir fannt et um Plang
  • WÉI GESÄIT ET MAT DER SÉCHERHEET VUM HAUS AUS ?

    D'aisia International Crèche ass an engem gemittlechen Haus vu 570 m2 ënnerbruecht, dat am September 2013 komplett renovéiert gouf. Mir sinn eng vun den éischte Crèchen, déi di nei ITM-Sécherheetsnorme vum Juni 2013 ëmgesat hunn.

  • WAT ASS BEI AISIA ANESCHT ?

    D'aisia International Crèche bitt eng Rëtsch vu Virdeeler géintiwwer anere Crèchen :
    - de Confort an d’Sécherheet vun enger grousser Villa mat 8 Ar Terrain an engem direkten Zougang zu enger Spillplaz an engem gratis Parking,
    - flexibel Ëffnungszäite vu 5 Auer mueres bis 11 Auer owes, an dat och samschdes,
    - eist Konzept vun enger internationaler Crèche, dat d’Léiere vun de Sproochen, déi zu Lëtzebuerg am Gebrauch sinn, an de Mëttelpunkt stellt. Mir sinn déi éischt Crèche, déi zousätzlech Chinesesch als Optioun ubitt.

  • KANN EE BEI DER CRÈCHE PARKEN ?

    E gratis Parking mat iwwer 60 Plaze steet den Elteren zur Verfügung, sou datt si hir Kanner sécher a praktesch virun der Dier vun der aisia International Crèche kënnen erausloossen.

  • ASS DE WEE BEI IECH EINFACH ZE FANNEN ?

    D'aisia International Crèche ass iwwer grouss Verkéiersachse wéi d’Areler Strooss kamoud z’erreechen an et si just +/-2,5 km bis op d’Autobunn A6/E25.

  • WÉI ENG SPROOCHE GI BEI AISIA GESCHWAT ?

    An eiser Equipe vun diploméierten aisia-Erzéier gi sechs Sprooche geschwat : Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch, Franséisch, Portugisesch a Chinesesch.
    D’Eltere kënnen eng oder méi Sproochen auswielen, déi d’Erzéier am Ëmgank mam Kand solle benotzen.

  • WÉI GEET EE BEI AISIA MAT DE SPROOCHEN ËM ?

    D’Kanner ginn a Gruppen opgedeelt an huelen d’Sproochen op eng natierlech Aart a Weis den Dag iwwer beim Spillen an de kreativen Aktivitéiten op.
    Eis multikulturell Equipe bréngt Äre Kanner déi verschidde Fester a Bräich vun deene Länner méi no, deenen hir Sproochen an der Crèche geschwat ginn. Esou ginn d’Kanner méi oppe vis-à-vis vun anere Kulturen.

  • WAT ASS AISIA LINGUA ?

    Wann Dir fir Äert Kand déi chinesesch Sprooch an der Crèche gewielt hutt, proposéiert aisia Iech, Äert Kand spéider weider a Coursen ze schécken, déi vun de Proffe vun aisia Lingua gehale ginn.

    Wann Dir, aus beruffleche Grënn, perséinlechem Interessi oder fir Äert Kand ze begleeden, selwer d’Sprooch wëllt léieren, da kënnt Dir och bei aisia Lingua an e Cours goen. Aisia Lingua bitt Iech Course quasi op Mooss: individuell Coursen oder Gruppenunterricht, vum Ufängerniveau bis Niveau avancé! Fir presséiert Geschäftsleit, déi mat China wëlle schaffen, proposéiert aisia Lingua eng op si zougeschnidde Formatioun: Chinese Dos and Don’ts Business Training.

  • WAT GËTT ET BEI AISIA Z’IESSEN ?

    Eise Kach passt op eng equilibréiert Zesummesetzung vun de Moolzechten op. A fir datt et net langweileg gëtt, léisst e sech vu Rezepter aus deene Länner inspiréieren, deenen hir Sprooch an der aisia International Crèche geschwat gëtt.

  • ET ASS MIR NET MEIGLECH MAI KANT BIS AN D'CRECHE ZE FEIEREN... HUD DIR ENG LEISUNG ?

    Selbstverständlech Jo, aisia International Crèche ka mat sengem Shuttle Service äre Kant sichen an zeréck feieren.
    Dëse Service ass ob den ofgelafenen Kilometere verrechent.

    Dir kennt eis Équipe gäre kontaktéiere fir weider Informatiounen.