imge description

En eemolegt Crèchëkonzept zu Lëtzebuerg !

Multikultur als Basis vun eisem Konzept

image description image description
image description

LËTZEBUERG A MULTIKULTUR

Lëtzebuerg ass eng méisproocheg a multikulturell Gesellschaft. Vill Atouten entstinn hei duerch Sproochen a Kulturen, déi den auslänneschen Deel vun der Bevëlkerung matbréngt. Fir de Kosmopolitismus ze vervollstännegen, huet just nach d’Kultur an d’Sprooch vun engem esou wichtege Land wéi der Volleksrepublik China gefeelt.
Ma bis elo huet keng Crèche eng Aféierung an déi chinesesch Sprooch a Kultur fir déi Kleng ugebueden.

EIST KONZEPT

Op dëser Basis ass d'aisia International Crèche entstanen. Eist Zil: Eise Kanner d’Aen opzemaachen, fir d’Welt an hirer kultureller Villfältegkeet ze gesinn, andeems mer fir si eng international Crèche schafen, wou all d’Sproochen aus dem Land geschwat ginn: Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch, Franséisch, Portugisesch, an - exklusiv an dëser Crèche - Chinesesch.

  • image description
  • image description
  • image description
  • image description
  • image description
  • image description
  • image description

Eis Kanner op d’Zukunft virbereeden

image description image description image description
image description

ENG SPROOCH MÉI - FIR MÉI WELTOPPENHEET

Entgéint deem, wat ee kéint mengen, adresséiert d'aiSia International Crèche sech net vu vireran u Kanner mat chineseschen Originnen. Si erliewen déi chinesesch Sprooch a Kultur jo direkt an der Famill. Eis Crèche adresséiert sech un europäesch Elteren, déi hire Kanner eppes weider an de Grapp wëlle gi fir hir Zukunft. D'aisia International Crèche wëll gär aus de Kanner, déi hir uvertraut ginn, perfekt Weltbierger maachen, andeems se hinnen dës kulturell Villfalt mat op de Wee gëtt.

NEI SPROOCHE VU JONKEM ALTER UN

Et soll een esou fréi wéi méiglech domat ufänken, de Kanner friem Sprooche bäizebréngen, well jonk Kanner d’Fäegkeet hunn, vill sproochlechen Input ze späicheren (d. h. neurologesch Verbindungen tëschent Gesten a Wierder hierzestellen). Kanner kënne mat Liichtegkeet e puer Sprooche mateneen integréieren. Eenzeg Bedingung ass, datt dës Sproochen a konkrete Situatioune gebraucht ginn, zum Beispill an engem bestëmmte Spill.

E pädagogesche Projet op zentrale Wäerter opgebaut

image description
image description image description

DUERCH SPILLE LÉIEREN

Innovativ pädagogesch a spilleresch Aktivitéiten, iwwer déi d’Kanner virun allem déi chinesesch Kultur a Sprooch kenneléieren, sinn d’Basis vun eiser deeglecher Aarbecht mat de Kanner. Eis multidisziplinär Equipe geet op Äert Kand an an ënnerstëtzt seng perséinlech Entwécklung.

D’WÄERTER VUN AISIA

D'aisia International Crèche wëll datt d’Kanner, déi hir uvertraut sinn, léieren :
- anerer a sech selwer ze respektéieren
- oppen ze sinn, iwwer Grenzen ewech
- ze deelen
- Freed um Spillen an un der Entdeckung ze hunn
- sech perséinlech weiderzeentwéckelen
- eppes eleng fäerdegzebréngen


Dat ass dat, wat d’Kanner brauchen, wann déi nächst grouss Etapp sech ukënnegt: d’Grondschoul !