ËNNERSTËTZUNG AN ENCOURAGEMENT
D’Medien hunn eise Projet aiSia International Crèchemat Begeeschterung opgeholl. Et gouf eng ganz Rëtsch vun Artikelen an der lëtzebuergescher an auslännescher Press an och de Radio an d’Tëlee hunn de Sujet opgegraff.
Besonnesch gefreet hu mir eis awer iwwer den Intressi vun der Gemeng Bartreng an den Encouragement, deen eis de Botschafter vu China bei der offizieller Aweiung den 11. Oktober 2013 zoukomme gelooss huet.

