imge description

Am Wunnvéierel Cité Millewee…

Eng Crèche mat laangen Ëffnungszäiten

image description image description

OP DEN ELTEREN HIR SITUATIOUN AGOEN

D'aiSia International Crèche ass vu 5 Auer mueres bis 11 Auer owes op, wat villen Elteren entgéintkënnt, besonnesch deene mat onreegelméissegen Aarbechtszäiten (Fräiberuffler, Spidolspersonal, Cadren …)
Wéini Äert Kand owes schlofe geluecht gëtt, gëtt mat Iech ofgestëmmt ...

Mir setzen alles drun, datt et Ärem Kand gutt geet, sou datt Dir als Elteren eis mat rouegem Gewëssen dat kënnt uvertrauen, wat fir Iech dat Wäertvollst an Ärem Liewen ass.

En « CHILD CARE « service fir all Kanner

image description image description

OP UFRO, AN OUNI OBLIGATION SECH AN EISER CRÈCHE ANZESCHREIWEN.

Eng speit Versammlung ? E galant Nuechtiessen ? Eng soirée enner Froenn,… ?
Mir versuegen Aer Kanner bis 23.00Auer, esouguer Samstes !

Modaliteiten vir de Gebrauch vum Child Care Service :

- D’Kanner koennen vu Meindes bis Samstes vun 5.00 bis 23.00 Auer ugeholl gin
- Reservation muss mindestens 48Stonnen am viraus gemacht gin matt der viraussichtlecher durée wo d’Kand bei ons bleiwt
- All réservation dei noett mindestens 24Stonnen am viraus storneiert ass, muss fir dei ugefroten durée bezuelt gin
- Eng ugefange Stonn ass eng ganz Stonn ze bezuelen
- Den « Child Care » tarif ass 10€/Stonn an onofhaengesch vun eisen aneren tarifer an der crèche
- Eis crèche hoellt Chèques Servicen unn, oennert der condition dass si vum Ministère de la famille ugeholl gin

Luxuriéis a sécher Gebailechkeeten

image description image description
image description

D’HAUS

D'aiSia International Crèche huet sech zu Bartreng niddergelooss, an der roueger Cité Millewee, net wäit vum Akafszentrum Belle Etoile.
D'aiSia International Crèche ass an engem 570 m² groussen Eefamilljenhausënnerbruecht, deem seng Struktur komplett iwwerduecht gouf, fir Kanner vun 2 Méint bis 4 Joer kënnen opzehuelen. A klenge Gruppe kënne si sech ënner optimale Bedingungen entwéckelen an entfalen.
D’Haus ass immens hell a bitt grouss Fläche fir ze spillen a sech ze beweegen a roueg Ecke fir ze raschten – béides ass noutwenneg, fir datt Kanner sech wuelfillen.

NORMEN ITM 2013

D’Sécherheet gëtt bei eis groussgeschriwwen. Eis Crèche hält sech un déi nei Sécherheetsnormen, déi am ITM-Circulaire vum Juni 2013 festgeluecht goufen.

E Parking an eng Spillplaz direkt derbäi

image description image description image description
image description

E PARKING

D'aiSia International Crèche läit direkt bei engem gratis Parking mat 60 Plazen, sou datt Dir Äert Kand kamoud a sécher bei der Crèche kënnt ofliwweren.

ENG GEMENGESPILLPLAZ

Bei der aiSia International Crèche ass eng grouss ëffentlech Spillplaz, sou datt d’Kanner dobaussen an der frëscher Loft kënne spillen.

Eng héichqualifizéiert Equipe

image description image description

D’ERZÉIER

Mir hunn eis Erzéier gewëssenhaft erausgesicht. D’Equipe vun der aiSia Crèche ass multikulturell an héichqualifizéiert: Déi eenzel Membere kommen aus europäesche Länner an aus China an hunn en Héichschoulofschloss (bis BAC+4). Si hunn déi néideg Kompetenzen, fir Är Kanner an deene verschiddene Sproochen, déi an der Crèche geschwat ginn, ze betreien, an domat déi sproochlech Virdeeler vun der aiSia Crèche esou an der Praxis ëmzesetzen.